YOGA – Méi wéi nëmmen eng Beweegung
D’Essenz vum Yoga entdecken
An dësem Health Talk erkläert d’Sarah Cattani, certifizeiert Yogaprofesserin a Podcast-Host vu “Be Well”, wat Yoga eigentlech ass — an firwat et vill méi déif geet wéi Stretching oder Fitness.
Yoga ass haut iwwerall präsent: an de Fitnessstudien, op Social Media, an an de Schoulen oder Firmen. Mee wou kënnt Yoga eigentlech hier? Wat ass d’ursprénglech Bedeitung dovun? A firwat sichen esou vill Mënschen duerch Yoga no Rou, Balance an engem méi bewosste Liewen?
Dëse Virtrag hëlt Iech mat op eng Rees duerch d’Geschicht an d’Philosophie vum Yoga — vun den Urspréng an Indien bis an eisen Alldag hei zu Lëtzebuerg. Et geet ëm Kierper, Otem, Geescht an d’Fro, wéi mir erëm méi Verbindung mat eis selwer fanne kënnen.
De Talk bitt inspiréierend Ablécker, konkret Beispiller an eng einfach verständlech Approche fir jiddereen, deen Yoga besser verstoe wëllt — egal ob Ufänger oder scho laang um Wee.
präsentéiert vum Sarah Cattani
Praktesch Informatiounen
Wéini: 18. Juni 2026 um 13:00 Auer
Wou: Conference Space bei der CMCM
32-34, rue de Hollerich, Luxembourg-Gare
Dauer: 1 Stonn
Sprooch: Lëtzebuergesch
Fir jiddereen ab 16 Joer
Gratis Entrée
