Diabetes erkennen a verhënneren
Warnzeeche fréi erkennen
Diabetes entwéckelt sech dacks lues a bleift laang onbemierkt. An dëser Episode schwätze mer doriwwer wéi ee Risikofacteuren erkennt, op wéi eng Symptomer ee soll oppassen a wéi een den Typ-2-Diabetes heiansdo verhënneren oder verzögere kann, mat prakteschen Tipps fir e gesonden Alldag.
Nom Talk hutt Dir d’Méiglechkeet, Iech gratis op Diabetes testen ze loossen.
präsentéiert vum Kerstin Haller, ALD
Praktesch Informatiounen
Wéini: 23. September 2026 um 13:00 Auer
Wou: Conference Space bei der CMCM
32-34, rue de Hollerich, Luxembourg-Gare
Dauer: 1 Stonn
Sprooch: Lëtzebuergesch
Fir jiddereen ab 16 Joer
Gratis Entrée