Omega 90 – Komm, mir schwätzen driwwer!

Iwwer Krankheet, Liewensenn oder Doud ze schwätzen ass net ëmmer einfach. Zënter méi wéi 30 Joer begleed Omega 90 Mënschen, déi mat dëse Liewensrealitéite konfrontéiert sinn.

De 25. Mäerz vun 13–14 Auer organiséieren d’CMCM an Omega 90 eng Konferenz iwwer d’Theme Patienteverfügung a Vertrauenspersoun.

Wat geschitt, wann ech net méi soe kann, wat ech wëll?

Dës Konferenz erkläert, wéi eng Patienteverfügung, eng Vertrauenspersoun an d’Bestëmmunge fir d’Liewensenn hëllefen, de perséinleche Wëllen ze respektéieren – a firwat et sou wichteg ass, sech fréi Gedanken ze maachen.

präsentéiert vum Cilly Soragna


Praktesch Informatiounen

Wéini: 25. Mäerz 2025 um 13:00 Auer
Wou: Conference Space bei der CMCM
32-34, rue de Hollerich, Luxembourg-Gare

Dauer: 1 Stonn
Sprooch: Lëtzebuergesch
Fir jiddereen ab 16 Joer

Gratis Entrée

Plazen si limitéiert an deen éischten ass vir. Falls keng Plaze méi do si, setze mir Iech op eis Waardelëscht.

Oder Dir kënnt och d’Presentatioun iwwert de Livestream kucken.