D’„Energiekris“ bei der Neurodegeneratioun

mat engem Fokus op Parkinson an Alzheimer

Neurodegenerativ Krankheete wéi Parkinson an Alzheimer si komplex Erkrankungen, bei deene vill verschidde Mechanismen zesummespillen.

Bei dësem Health Talk gëtt de Prof. Alexander Skupin Iech en Abléck an d’Funktiounsweis vum Gehir, d’Grondlage vun der Neurodegeneratioun an déi zentral Mechanismen, déi zu dëse Krankheete bäidroen. Ausserdeem erkläert hien, wat ee maache kann a firwat interdisziplinär Fuerschung, wéi se um LCSB vun der Universitéit Lëtzebuerg bedriwwe gëtt, esou wichteg ass.

 


Praktesch Informatiounen

Wéini: 27. Oktober 2026 um 13:00 Auer
Wou: Conference Space bei der CMCM
32-34, rue de Hollerich, Luxembourg-Gare

Dauer: 1 Stonn
Sprooch: Däitsch
Fir jiddereen ab 16 Joer

Gratis Entrée

Plazen si limitéiert an deen éischten ass vir. Falls keng Plaze méi do si, setze mir Iech op eis Waardelëscht.