Burnout – Sensibiliséierung ronderëm mental Gesondheet

An dësem Health Talk kritt dir en Abléck an d’Thema Burnout. D’Evenement ass Deel vun de Semaines de la Santé Mentale 2026, enger nationaler Initiativ fir d’Sensibiliséierung ronderëm mental Gesondheet.

Hei kritt dir erkläert, wat hannert dësem Syndrom stécht, wéi et sech entwéckelt, wéi ee virbeuge kann a wéi eng Behandlungsméiglechkeeten et ginn. Eng uschléissend Diskussioun bitt d’Méiglechkeet, Froen ze stellen an d’Thema ze verdéiwen.

präsentéiert vum Dr. rer. nat., Dipl.-Psych. Gilles Michaux,
Gesondheets Zentrum – Fondation Hôpitaux Robert Schuman


Praktesch Informatiounen

Wéini: 08. Oktober 2026 um 13:00 Auer
Wou: Conference Space bei der CMCM
32-34, rue de Hollerich, Luxembourg-Gare

Dauer: 1 Stonn
Sprooch: Lëtzebuergesch
Fir jiddereen ab 16 Joer

Gratis Entrée

Plazen si limitéiert an deen éischten ass vir. Falls keng Plaze méi do si, setze mir Iech op eis Waardelëscht.

Semaines Santé Mentale mam Dr. rer. nat. Dipl.-Psych. Gilles Michaux – Burnout

  • Ce champ n’est utilisé qu’à des fins de validation et devrait rester inchangé.